Tropestuerm an Iwwerschwemmungen an El Salvador

De leschten 31. Mee huet e gewaltegen Tropestuerm iwwer El Salvador geblosen, verbonne mat permanentem Reen an Äerdbiewen. Den „Amanda“ huet an deem klenge mëttelamerikanesche Land immense Schued ugeriicht: grouss Iwwerschwemmungen, Äerdrutschen, zerstéiert Haiser, blockéiert Stroossen, futtis Stroum- a Waasserleitungen …. Eleng an der Haaptstad San Salvador sinn an der éischter Nuecht 14 Mënschen ëmkomm; eng Persoun gëtt nach vermësst. An der Tëschenzäit ass d’Zuel vun den Affer op e puer Dose geklomm. Villen Awunner, déi scho wéinst der Corona-Pandemie an hiren Aktivitéite limitéiert waren an elo duerch d’Evakuéierung  nach méi ufälleg fir Krankheete sinn, feelt dat Nouwendegst fir ze liewen: Iessen, Drénkwaasser, Medikamenter, Hygienartikelen, plastiks Baatschen …

Eis Partner a Frënn an El Salvador hëllefe sou gutt wéi se kënnen. Duerch d’Vermëttlung vum Abbé Henri Gloden a vum Honorarkonsul vun El Salvador zu Lëtzebuerg Mil Calmes hu mer d’Méiglechkeet, konkret Aktioune vu lokale Gruppen ze ënnerstëtzen. Déi konzentréieren sech haaptsächlech drop, Kanner an Eltere virum Hongerdoud ze retten. Duerfir verdeele si Tute mat Liewesmëttel un déi äermste Famillen ë.a. zu Santa Tecla, San Agustín, Santa Ana, San Salvador …

Kuerzfristeg sollen e puer Dausend Famillen domatt versuergt ginn. Jiddwer Tut kascht 15 Euro. Fir déi ganz Aktioun wëlle mer eng 30 000 Euro bereet stellen. Fir se ze finanzéieren, schaffen zwou ONGen zesummen an invitéieren Iech, mat engem Don  deene betraffene Leit an El Salvador ze hëllefen. En häerzleche Merci fir Ären Interessi. 

 

FONDATION LUXEMBOURG – EL SALVADOR

CCPL LU73 1111 2119 9449 0000

BILL LU47 0024 1691 8554 5100

Bemierkung: „Amanda“

KOMM HËLLEF MAT PRÉIZERDAUL a.s.b.l.

CCRA LU 45 0090 0000 0291 8407

Bemierkung: „Amanda“

D’Done kann ee vun de Steieren ofsetzen.

­