top of page

« Casa de Retiros Santa Isabel de la Trinidad »


De Formatiouns- a Retraitenzentrum La Majada läit

am Südweste vun El Salvador, an de Bierger vun der

Regioun Sonsonate op enger Héicht vun 900-1700

Meter i.M. Déi grouss Gebailechkeete mat enger

schéiner Kapell, Versammlungsraim an Dortoiren

si gebraucht fir haaptsächlech iwwert de Weekend e

breede Spektrum u Formatiounen, Coursen an och

Retraiten unzebidden.

An all deene Joerzéngte wou La Majada besteet,

hunn ëm déi 30 000 Leit vun der Offer profitéiert. Si

hu Referater iwwer vital, existentiell Sujetë gehéiert,

e chrëschtlecht Weltbild verdéift meditéiert, an eng

integral Ausbildung vu ganz valable Referenten

ugebuede kritt. Grouss Wierker wéi Caritas a

Misereor bidde Weekenter un.

Dat Ganzt brauch fir d’Organisatioun natierlech déi

néideg Logistik:

Den Don Oscar P., Direkter vum Kannerhaus

zu Santa Ana an d’Sekretärin këmmere sech ëm

d’Infrastruktur. Den Dageswiechter Castulo mat

senger Fra an zwee klenge Kanner wunnen um Site a

këmmere sech ëm d’Gebailechkeeten.

Wa Gruppe kommen, sinn zwou Kächinnen do,

fir se all ze bekachen. Fir d’Sécherheet ass och en

Nuetswiechter zoustänneg, well de Sujet Kriminalitéit

an El Salvador ass nach ëmmer aktuell.

D’Philosophie vu La Majada ass, datt all Mënsch, dee

gutt gewëllt ass, däerf un de Cousen deelhuelen. 98%

vun de Kandidate sinn aarm, béis aarm, a kënnen

dacks déi 20 USD fir de Weekend net bezuelen.

Eis Fondatioun hëlleft mam Geld vun den Donateuren

(MERCI) d’Käschte vun deem Haus droen. Dat waren

2020 ronn 27 000 E : Ënnerhalt vun de Gebaier, Paie

vum Personal, Iwwerhuele vun den Onkäschte vun

deene Leit, déi sou aarm sinn, datt se näischt kënne

bäileeën.

An dann d’Pandemie, de Coronavirus :

Säit Mäerz 2020 koume quasi keng Gruppe méi an

d‘Haus. Am Mee 2021 waren éischt Gruppen erëm do:

Caritas-Beamten aus dräi Diözesen, 50 Jugendlecher

aus der Stad Sonsonate, 50 Laieleaderen aus Ciudad

Arce a Chilamatal, …an elo ass erëm Lockdown fir

dräi Méint…

Keen däerf entlooss ginn, Paie musse weider bezuelt

ginn, Gebaier ënnerhalen...

Hëlleft eis hëllefen! Merci fir Ären Don, fir dëse

wichtege Projet um Liewen ze halen.



64 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen

Comments


bottom of page