top of page

Léif Leit,

mir sinn houfreg, Iech erëm e Bulletin kënnen ze präsentéieren: doran e Rapport vum Guy Scholer iwwert d’Aktivitéiten 2020 am Kannerhaus zu Santa Ana, an eng Notiz vum Abbé Gloden

iwwert den Erwuessebildungszentrum zu La Majada. Dat alles ënnert deem ongudde Stär vun der Pandemie Covid19. Och an El Salvador war an ass näischt méi wéi virdrun. Dat ëffentlecht Liewen ass ausgebremst: Transport, Schoulen, Handel..., alles huet Schwieregkeete fir an de Gank ze kommen.Neiwalen hunn dem Land keng Besserung bruecht, déi politesch Lag ass net gutt. Wéi sou dacks, déi Räich gi méi räich, déi Aarm méi aarm. Ganz vill Leit liewen ënnert der Aarmutsgrenz a leiden ënnert enger grousser Hongerpandemie. Mir si frou, op Iech an Är Donë kënnen ze zielen,fir sou gutt a sou vill wéi méigkech kënnen ze hëllefen. Muchas gracias. De Verwaltungsrot

88 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page