D’Personal vun der Fondatioun deelt sech esou op: 7 Persoune schaffen am fréiere Kannerheem, fir d’Direktioun an déi pedagogesch a psychologesch Ënnerstëtzung vu;
6 Instruktere animéieren d’Atelieren;
2 Mann gi fir verschidden Aarbechten agesat;
1 Doktesch ass an der Clínica medica;
1 Aarbechter këmmert sech ëm d’Finca San Luis.
Wéinst der Pandemie konnten am Kannerhaus net all Aktivitéite wéi gewinnt duerchgezu ginn. An den éischten dräi Méint gouf nach eenegermoossen normal geschafft, duerno hunn déi meescht Déngschter nëmmen deelweis («auf Sparflamme») funktionéiert. Vu Januar bis Mäerz konnten nach 60 Kanner a Jugendlecher vun der schoulescher Ënnerstëtzung profitéieren. Am meeschten Hëllef hu si gebraucht an der Mathe a beim Verständnes vun der geschriwwener Sprooch. Si hunn awer all hiert Schouljoer gepackt.
An där selwechter Period hunn och d’Atelieren nach normal funktionéiert. Déi 89 Kanner an Erwuessener hunn sech op déi 9 Atelieren opgedeelt: Zeechnen a Molen, Baken, Kachen, Computer, Dëschtennis, Musek, Bitzen, Schräinerei an Eiseveraarbechtung. D’Studenten an d’Personal kruten de 14. Mäerz vum Dokter en Exposé iwwer Covid gehal. Doropshin goufen d’Coursen all gestoppt, wat besonnesch de Kanner aus dem Schoulënnerstëtzungsprogramm guer net gefall huet. Den Dokter vun der Fondatioun
gouf gefrot fir nach bis de 15. Juni zäiteweis present ze sinn, fir sech ëm Leit ze këmmeren, déi wéinst der Pandemie Hëllef brauchen. No an no sinn och déi aner Beschäftegt erëm ugetratt; an Ufanks August war d’Belegschaft erëm komplett. Si hunn sech dunn ëm den Ënnerhalt vun de Gebaier gekëmmert an Aarbechte gemaach, déi an der normaler Schoulzäit leie bliwwe sinn: Raumen a Botzen, kleng Reparaturen a Metallkonstruktiounen.
Am Hierscht hunn erwuesse Schüler den Direkter gefrot fir nees kënnen an d’Atelieren hannescht ze kommen. Doropshinn si fir d’éischt d’Ateliere fir Zeechnen a Molen a Musek fir eng reduzéiert Zuel vu Leit op gemaach ginn, a bis Dezember koume 35 Schüler dohin. Am November sinn op Wonsch vun den Elteren och Jugendlecher vun 12 bis 15 Joer an den Dëschtennis zougelooss ginn, net nëmme wéinst dem Training, mee och fir e rekreativen Ausgläich zu de Quarantaine-Moossnamen ze schafen. D’Schüler hunn sech un déi streng Pandemiereegele gehal, an hir Elteren hunn der Direktioun Merci gesot fir déi deelweis Erëffnung vun den Atelieren. Eis Partner zu Santa Ana ënnerhale Kontakter mat fréiere Schüler vun den Atelieren; e puer vun hinnen hunn sech no der Quarantän op en Neits an en Atelier ugemellt. D’Ateliere ginn ugesinn als eng Plaz, wou Kanner an Erwuessener hir Emotiounen ausdrécken, Stress ofbauen a sech fundamental Kenntnësser fir d’Liewen uneegnen. Als Folleg vum Musekatelier hu Jugendlecher selwer Lidder komponéiert, déi op
hirem Kanal You Tuve ausgestallt ginn. Fréier Schüler vum Molatelier konnte schonn eege Kreatioune verkafen. D’Aarbecht am Eisenatelier huet e puer Studenten erlaabt, en Job an deem Beräich ze fannen. Wéinst der Pandemie goufen nëmmen e puer vun den traditionelle Fester am Kannerhaus gefeiert, wann och an engem bescheidene Kader. Den 18. Januar goufen d’Schoulresultater a Presenz vu 21 Mammen a Pappe bewäert. Am Februar hu 50 Jugendlecher d’Fest vun der Léift a vun der Frëndschaft gefeiert. Den 18. Dezember war eng Chrëschtfeier mat enger Mass, enger Ausstellung an der Virstellung vun de Produktioune vun den Atelieren. Vun de Mataarbechter vun der Funlasafa war keen u Covid-19 krank ginn; am Joer 2020 gouf keen am Kannerhaus getest an och kee geimpft. Déi intern Dokteschpraxis huet Leit aus dem Quartier behandelt, déi eng Krankheet vun den Otemweeër haten; bei zwou Persoune bestong e Verdacht op Covid-19; si goufen un déi ëffentlech Klinik iwwerwisen. De Projet Kannerhaus, dee mer fir 4 Joer cofinanzéiert kritt hunn, war am Mäerz 2019 ausgelaf. Vun do u goufen et verschidden Initiativë fir en neie
Projet opzestellen, déi awer am Joer 2020 nach zu kengem konkrete Resultat geféiert hunn, och well de Schlussrapport vum viregte Projet laang net fäerdeg ginn ass. Ëmmerhinn hunn de Mil an d’Maureen den 18. Februar 2020 d’Vertrieder vun der Funlasafa a vu Fundamuni getraff fir Mëssverständnisser ze klären an d’Zesummenaarbecht ze verbesseren. Am Laf
vum Joer ass zu Santa Ana un engem Avant-projet geschafft ginn, vun deem mir am Mäerz 2021 e groussen Deel kritt hunn. Den Tropestuerm Amanda huet den 31. Mee iwwer
El Salvador geroost, huet Mënscheliewe gefuerdert a grousse Schued ugeriicht. D’Kannerheem zu Santa Ana ass zwar verschount bliwwen, eis Partner hunn awer de sinistréierte Leit gehollef, haaptsächlech mat Tute mat Liewesmëttel, déi si un déi äermste Famille verdeelt hunn De Comité vun der Funlasafa kënnt am Prinzip all 2 Méint beieneen, mir kruten awer am Joer 2020 kee Rapport. Si hate jo wëlles, d’Finca San Luis
ze verkafen. Den Henri Gloden huet verschidden Institutioune kontaktéiert a krut vun der UNICAES (Kathoulesch Universitéit vun El Salvador) eng Offer, déi louch awer wäit ënner dem geschätzte Präis. Sou wëllt de Comité dann emol ofwaarden. D’Donnéë vun dësem Rapport baséieren op d’Äntwerte vun de Responsable vum Kannerhaus op e klenge Questionnaire, deen ech hinne geschéckt hat, a wou ech en Akzent geluecht hunn op
d’Nohaltegkeet vun der edukativer Aarbecht. Merci soen ech hinne fir hir rapid
Kommentare